Newsletter







 

 WËLLKOMM...

... bei der Theaterkëscht Hueschtert. Eis amateur Theater-Grupp gëtt et schon säit 1988.
D'Theaterkëscht Hueschtert steiert also lues awer secher op hiren 25. Anniversaire hin, dee mir dann hoffentlech mat Iech 2013 feieren wäerten.
 
Méi iwwert eis Geschicht...
 

Theater


Säit der Grënnung goufen all Joer am Dezember sëlleg Theaterstécker opgefouert...
vum lëschtegen Dräi-Akter iwwert Operette bis zum Klassiker.
 
Eis nächst Theater-Opféierungen...

  

Kabarä


Fir nieft dem Theater och nach méi eng labber Atmosphär ze bidden, suwuel fir Iech - trei oder nei - Zuschauer, wéi och fir d'Akteuren,
hu mir zanter 1998 Mëtt Mäerz eisen traditionnellen "lëschtegen Kabarä-Owend" zum Beschten ginn.

2008 haten mir een "Best of 10" mat Widderhuelungen an och neien Stécker gebueden.
No 10 Joer hu mir dunn 2009 eng kreativ Paus gemach fir 2010 an enger Theater-Revue nees Neies ze bidden.

Eisen Kabarä-Spektakel ass awer - trotz neier Form, mat Hameschmier - nach ëmmer mat pickegen Momenter iwwert di lokal Politik vun der Gemeng Nidderaanwen, di national an och international Aktualitéit, souwéi aner lëchtegen Sketscher a Lidder zesummengestallt.

Eis nächst Kabarä-Owender...

 

 

 
Copyright © 2012 by Theaterkëscht Hueschtert a.s.b.l. - Impressum
basic design by goroton / Free Web Templates